Ciné-Débat Hors d'haleine
Allgemeine Informationen
Datum und Uhrzeit : Sonntag, 24 November 2024 19:00
Ort : Ciné Café Prabbeli (8 Gruberbeerig, Wiltz)
Filmopféierung a Ciné-Débat vun Hors d’Haleine
Am Kader vun der Orange Week
Lëtzebuergesch Produktioun, produzéiert vu Samsa Film a geschriwwe vum Rae Lyn Lee an Eric Lahmène, erzielt d’Geschicht vum Emma, déi an een Fraenhaus kënnt a sech an hierer neier Liewenssituatioun zurecht fannen muss. Et ass eng beweegend Geschicht vu Frëndschaft, Stäerkt a Selbstbefreiung.
Duerch déi authentesch Duerstellung vu Fraen, déi hiert Liewen no Erfarungen vun Gewalt nei opgebaut hunn, setzt de Film e staarkt Zeeche fir d’Resilienz an den Courage vun deene Betraffenen ze weisen. Hors d’Haleine bréngt professionell a net-professionell Schauspiller zesummen, dorënner och Fraen, déi selwer dës Erliefnisser materlieft hunn.
Verpasst net dës eenzegaarteg Geleeënheet, e Film ze gesinn, deen op richtegen Témoignagen baséiert an e staarke Message géint Gewalt vermëttelt.
Uschléissend un d’Filmopféierung invitéiere mir Iech op eng Diskussiounsronn mat Akteuren aus dem Film awer och aus dem betraffenen Sekteur, fir weider Iwwerleeungen ze deelen an Froen ze stellen, an op ee Patt offréiert vun der Gemeng Wooltz.