ZongenZodi - Ëffentlech Virstellung & Maisons Relais
Allgemeine Informationen
Datum und Uhrzeit : Dienstag, 26 November 2024 14:30 - 14:30
Ort : PRABBELI Centre socioculturel régional Wiltz
Veranstalter : Cooperations
Tarif : Erwuessener 12€, Kanner a Jonker < 26 Joer 6€, Kulturpass 1.5€
E. : [email protected]
T. : 9592051
Erzieltheater an aner stëmmlech Spillereien
Den Här Pierre schafft am Wierderbüro. All Dag um Punkt 8 Auer liest hien duerch säi Radiosmikro d’Wuert vum Dag vir. Hien erkläert genee wat all Wuert heescht a wéi eng Sätz een domat ka maachen. Jidderee lauschtert dem Här Pierre seng Radiossendung, fir ze léieren, uerdentlech ze schwätzen. Et gi keng Dommheete mat deene Wierder gemaach! Et gëtt och net getuddelt an einfach esou drop lass gebraddelt! Alles huet seng Uerdnung: Véiereckeg – praktesch – gutt! Ma enges Daags daucht d’Zoé am Här Pierre sengem uerdentleche Liewen op… an op eemol geréit alles duercherneen!
ZongenZodi ass en Erzielstéck voller Freed un der Sprooch an um Spill mat Buschtawen a Wierder. Et erzielt eng beréierend Geschicht, déi zum Nodenke bréngt, ma och d’Laachmuskelen net vergësst.
Koproduktioun Escher Theater; Erzielkonscht a.s.b.l.
Mam Luisa Bevilacqua a Betsy Dentzer
INFOEN
4-8 Joer
Op Lëtzebuergesch
Dauer: 45min.
Kulturpass Info
Den Entrée ass och méiglech mam Kulturpass (Virverkaf & Oweskeess). Well mir dofir eng Bestätegung vun Ärer Identitéit brauchen, froe mir Iech Äre Kulturpass mat op d'Evenement ze bréngen.
Informations fournies par echo.lu